D ‘Struktur "Betreit Wunnen fir Jonk Leit" ass eng Opnamstruktur fir jonk Erwuessener am Alter vun 18 bis 30 Joer, déi sech an Nout befannen an net méi an hirer aktueller Familljesituatioun liewe kennen, laang a Strukture gelieft hunn oder sech op der Strooss befannen. Si erliewen de Passage an d’ Erwuessene Welt ganz schwiereg, sou datt mir hinnen als Struktur d ‘Méiglechkeet ginn sech autonom ze entwéckelen, hinnen och hëllefen hier perséinlech Fäegkeeten ze entfalen a mat hinnen zesummen hier Kompetenzen entdecken.