Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Crèche Charly betreit Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer.

All Kand gëtt ugesinn als eegestännegen Individue mat spezielle Ressourcen, Bedierfnisser, Wënsch, Problemer, Meenungen a Virstellungen. Mir bidden de Kanner e vertrauensvollt Ëmfeld, domat sech all Kand no sengem Rhythmus entwéckele kann. Berécksiichtegt ginn d ‘Schwächen an d’Stäerke vun all de Kanner a genee dorun orientéiere mir eis. De Schwéierpunkt vun eiser non-formaler Bildungsariichtung läit op der Betreiung, Bildung an Erzéiung.

Mir beruffen eis op Offenheet an Transparenz, wou mir am enke Kontakt mat den Elteren als Erzeiungspartner zesumme schaffen. Eis edukativ Aufgab ass et, net just d ‘Kanner, mee och d'Elteren ze begleeden a Bezuch op d ‘Erzéiung vun hirem Kand.

Eis pädagogesch Aktivitéiten sou wéi Projet ‘en orientéieren sech un den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung, déi sinn:

  • Kreativitéit, Konscht an Ästhetik
  • Sprooch, Kommunikatioun a Medien
  • Beweegung, Kierpergefill a Gesondheet
  • Wäerter, Participatioun an Demokratie
  • Emotiounen a sozial Bezéiungen
  • Wëssenschaft an Technik

Des weidere bezitt sech eis Offer op d’Méisproochegkeet, wou et eist Zil ass, d ‘Kanner op eng spilleresch Manéier mam Lëtzebuergeschen a Franséischen ze familiariséieren.

Kontakt

Maïva FORTES

COORDINATRICE GÉNÉRAL DES CRÈCHES
Responsabel vum Haus f.f.
12B, rue de l'Eglise
L-5819 Alzingen

Christiane RALINGER

Responsabel adjointe vum Haus
12B, rue de l'Eglise
L-5819 Alzingen

Informatiounen