Skip to main content

Betreit Wunnen fir jonk Leit


D‘Struktur "Betreit Wunnen fir Jonk Leit" ass eng Opnamstruktur fir jonk Erwuessener am Alter vun 18 bis 26 Joer, déi sech an Nout befannen an net méi an hirer aktueller Familljesituatioun liewe kennen, laang a Strukture gelieft hunn oder sech op der Strooss befannen. Si erliewen de Passage an d’Erwuessene Welt ganz schwiereg, sou datt mir hinnen als Struktur, ënner verschidden Viraussetzungen, d‘Méiglechkeet ginn sech autonom ze entwéckelen, hinnen och hëllefen hier perséinlech Fäegkeeten ze entfalen a mat hinnen zesummen hier Kompetenzen entdecken.

Wat bidde mir?

  • 13 Plaze fir eleng stoend jonk Leit am Alter tëscht 18 an 26 Joer
  • Temporär Wunnméiglechkeet (maximal 3 Joer)
  • Begleedung an Ënnerstëtzung am alldeegleche Liewen
  • Ënnerstëtzung zur perséinlecher Entwécklung
  • Ënnerstëtzung dat eegent Verantwortungsbewosstsënn ze entwéckelen
  • Ënnerstëtzung bei schouleschen a beruffleche Problemer
  • Ënnerstëtzung bei familiären a soziale Problemer
  • De Jonken d‘Méiglechkeet bidden hier perséinlech Projeten aus ze bauen
  • Intensiv psycho-sozial Betreiungsaarbecht
  • Extern Viraarbecht bei enger zukünfteger Opnam

Wat sinn d' Viraussetzungen?

De Jonke soll Bereetschaft weisen un senger Problematik ze schaffen, andeems mam Jonken zesummen un Léisungsstrategië gesicht gëtt. Dat ganzt gëtt an engem éducatif individuelle Projet mat him zesumme realiséiert an ëmgesat. De Jonke muss minimum 1 vun den 3 administrativen Sprochen vum Land beherrschen (Letzebuergesch, Franseisch oder Däitsch).

Wéi stells du eng Demande?

Wann s du intresséiert bass eng Demande bei eis ze stellen, biede mir dech eis „Demande d’admission“ auszefëllen an se op eis Adress zréck ze schécken.
No enger éischter Evaluatioun vun denger Situatioun, melle mir eis per Telefone bei dir, fir en RDV fir en Entretien ze fixéieren.

Du bass dir net sécher an du hues nach wieder Froen?
Dann kontaktéier eis per Mail Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. oder vu Méindes bis Freides tëscht 10h00 an 18h00 op folgender Nummer: (+352) 621 815 088.
Falls mir net drop ginn, ruffe mir dir zréck.

Kontakt

Wann ‘s du interesséiert bass, da schéck eis eng Demande d’Admissioun
op folgend Adresse :

Betreit Wunnen fir Jonk Leit
406, route de Thionville
L-5884 Hesperange