Notre page n'a pas encore été entièrement traduite en français.
Excusez-nous pour ces inconvénients.
Bienvenue au Jugendtreff Hesper!
Une place pour toi ...
Les nouvelles
De Jugendtreff Hesper ass, wéi den Numm et seet, en Treffpunkt fir Jonker am Alter tëscht 12 an 30 Joer. Di Jonk hunn d‘Méiglechkeet sech op dëser Plaz mat anere Jonken auserneen ze setzen, sech auszetauschen, zesummen ze diskutéieren an eppes zesummen z‘erliewen. Mir huelen déi Jonk eescht, souwuel an den ënnerschiddleche Phase vun der Pubertéit wéi och an der schwiereger Phase vum Erwuesseginn, wou se mussen Entscheedungen iwwer d‘Zukunft treffen.
Mir probéieren an eiser Aarbecht op all déi verschidde Bedürfnisser vun de Jonken anzegoe wéi Raum, Informatioun, Erliefnisser, Identitéit, Individualitéit a Kultur. Essentiell dobäi ass d’Bezéiungsaarbecht un där mir all Dag schaffen.
All dës Bedürfnisser baue mir an eise Projeten, Atelieren an Aktivitéiten mat an.
Weider Informatiounen dozou an zu ons fannt dir hei op eisem Site, um Facebook, op Instagram oder op onsem Snapchat.
Prochaines activités
Ajoutez-nous sur les médias sociaux!
Snapchat
YouTube