Fir d’ Rentrée 2021/2022 huet d’ Gemeng Hesper, dat 2006 agefouerte Konzept vum séchere Schoulwee, komplett iwwerschafft an aktualiséiert.
Esou goufe verschidde Moossname getraff, déi zur Sécherung vun der Schoulweeër bäidroe sollen.
An de Wunnquartiere sinn iwwerall Tempo 30 Zonen agefouert ginn an et goufe verschidde Mesurë getraff fir den Duerchgangsverkéier esou gutt wéi méiglech z’ënnerbannen. An dëse Wunnquartiere si sougenannte “Points de rassemblement” virgesinn, déi de Kanner als Unhaltspunkten dénge sollen. Vun hei aus ass de séchere Schoulwee gekennzeechent. Zu dësem Zweck gouf den ale Logo „Schläichi“ nei opgeluecht a soll duerch d’Opdroen um Trottoir de Wee fir d’Schüler markéieren.
Zousätzlech zu den ausgewisene Schoulweeër gesäit d’Konzept vum séchere Schoulwee verschidde Pedibuslinne vir. Dës féieren op festgeluechte Strecken, mat definéierten Haltestellen, wou d’Kanner waarde kënnen, an d’Schoul. De Pedibus gëtt ëmmer vun enger erwuessener Persoun begleet.
D’Pedibuslinne sinn op de Schoulweeër virgesinn, déi laanscht eng Haaptstrooss féieren. Duerch d’Begleedung vun enger erwuessener Persoun soll d’ Sécherheet vun de Kanner op dëse geféierleche Platze garantéiert ginn.
D’Ziel vum séchere Schoulweekonzept ass et fir d’Kanner (an och d’Elteren) dozou ze motivéiere fir ze fous, resp och mam Vëlo an d’Schoul ze goen/fueren. Nieft dem kloren gesondheetleche Virdeel, soll duerch dës Mesure zousätzlech d’Unzuel vun den Autoen am Beräich vun de Schoulen an der Gemeng reduzéiert ginn. Duerch déi vill Autoe kënne geféierlech Situatiounen entstoen, wat zu engem allgemengen Onsécherheetsgefill bei de Kanner, sou wéi och bei den Eltere féiere kann.
Fir d’Gefor vun Accidenter virzebeuge soll d’Schoulkand sech un folgend Reegelen halen:
9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange