Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Maison Relais  Miniheesprenger hellt Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer op déi an den Précoce oder an den Cycle1 vun der Hesper oder Fentenger Grondschoul gin.

D’Kanner kënnen hirem Alter entspriechend un Offeren an denen folgenden Handlungsfelder vun der non-formaler Bidung deelhuelen:

  • Emotiounen an sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun an Medien
  • Ästhetik, Kreativitéit a Konscht
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn an Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

Mir betruechten d’Kand als eegestännegen, selbstbestëmmenden Mënsch. D’Kanner léieren Verantwortung fir sech selwer an aanerer ze iwerhuelen.Sie üben all Daag, an der Grupp eens ze gin.

D‘Kanner kënnen hir Ëmwelt beim Spillen entdecken. Am Beweegungs-, Bau-, Rollenspill- a Wierkraum kënnen sie déi ënnerschidlechst Erfahrungen sammelen.

An den Atelieren Entdeckungen, Divertissant, Outdoor, Little Move a Schwammen mat Hesper beweegt sëch, Beweegungsspiller, Kulinarësches, Kreativitéit, Rhythmus a Musik kënnen d’Kanner hir Ëmwelt exploréieren an sëch mat ëmmer neien Ufuederungen auserneensetzen. 

D’Erzéier bidden deen entspriechenden Kader, fir dass d’Kanner sech an engem vertrauensvollen Milieu entwéckelen kënnen.

Kontakt

Caroline HESS

Responsabel vum Haus
9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange

Laura REDING

Responsabel adjointe vum Haus

9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange

Informatiounen