Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Maison Relais Mini-Reewiermercher riicht sech un Kanner am Alter vun 3-6 Joer, déi zu Alzeng an der Grondschoul, am Précoce oder am Cycle 1.1 -1.2 ageschriwwen sinn.

D‘Maison Relais Mini-Reewiermercher, ass am selwechten Gebai wéi d‘Schoul, mat der mir och ganz eng zesummen schaffen. Mir maachen gemeinsam Versammlungen, régelméisseg Projeten, Elterenowender, feieren Fester zesummen an villes méi.

D‘ Maison Relais ass eng kleng Struktur, déi no engem Deel offenen Konzept schafft. D‘ Kanner kennen sech zu verschiddenen Zäiten frei an deenen zwee Gruppesäll, Schoulhaff oder Turnsall beweegen. D‘ Kanner kennen hier Ëmwelt beim Spillen entdecken, sief et beim Rollespill, beim Bauen, beim Wierken , beim Bicher kucken, mam Sand oder Waasser spillen. Eis Ariichtung bidd vill verschidden Funktiounsecken wou d‘ Kanner hiren Interessen frei kennen nogoen.

Mir bidden de Kanner souwuel, während der Schoulzäit, wéi och an de Vakanzen eng ganz Panoplie vun Aktivitéiten un. Mir léeen groussen Wäert drop, dass dës Aktivitéiten op fräiwëlleger Basis stattfannen. D‘ Kanner kréien also eng Offer vun Aktivitéiten, déi sech un den Handlungsfelder, souwéi un den pädagogeschen Prinzipien vun der Non-formaler Bildung orientéieren.

  • Emotiounen an sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun an Medien
  • Ästhetik, Kreativitéit a Konscht
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn an Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

D‘Maison Relais Mini-Reewiermercher bitt de Kanner Dënschdes an Donneschdes op dénen schoulfräien Nomëtteger awer och eng ganz Partie Gruppenaktivitéiten souwéi Vëlo fueren, Airtramp, Danzen, Fallschiermspiller un. Donieft hunn mir zwou Gruppenaktivitéiten déi am Kader vum Projet „Hesper beweegt sech“ stattfannen. Dëst sinn de „Little Move“ an den „Hespi Swim“. D‘ Maison Relais Reewiermercher schafft eng mam „Hesper beweegt sech“ zesummen, et ginn regelméisseg Aktivitéiten oder Projeten mat hinnen ausgeschafft, fir de Kanner d‘ Freed un der Beweegung ze vermëttelen.

Mir gesinn all Kand als eegestännegen Mënsch un deen selwer kann Entscheedungen treffen. Jidder Kand ass aneschters, huet seng eegen Interessen an Bedürfnisser. Eis Ariichtung ënnerstëtzt d‘Kanner an hirer gesonder Entwécklung duerch d’Schâfen vun Spillraum, Erfahrungsraum souwéi villfältegen Beweegungméiglechkeeten. Mir huelen all Kand do of, wou hat an senger individueller Entwécklung steet, an bidden souwuel duerch ons Raimlechkeeten wéi och duerch ons Équipë dén entspriechenden Kader, fir dass d’Kanner sech bei ons wuel fillen, ëmmer een Uspriechpartner hun, sou wéi an engem vertrauensvollen Milieu kennen opwuessen.

Kontakt

Zoé SCHEFFEN

Responsabel vum Haus
20, rue de Syren
L-5970 Alzingen

Aisha THOMAS

Responsabel adjointe vum Haus f.f.
20, rue de Syren
L-5970 Alzingen

Informatiounen