Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Maison Relais Mini-Wissbei befënnt sech um Houwald, an hellt Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer op déi an de Précoceoder an de Cycle1 vun der Grondschoul “Houwald Couvent” ginn.

D’Kanner kënnen hirem Alter entspriechend un Offeren an deene folgenden Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung deelhuelen:

  • Emotiounen a sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun a Medien
  • Ästhetik, Kreativitéit a Konscht
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

Mir betruechten d’Kand als eegestännegen, selbstbestëmmende Mënsch. D’Kanner léiere Verantwortung fir sech selwer an anerer ze iwwerhuelen.

D‘Kanner kënnen hir Ëmwelt beim Spillen entdecken. Am Beweegungs-, Bau-, Rollenspill- a Wierkraum kënne sie ënnerschidlechst Erfarunge sammelen.

An den Atelieren Entdeckungen, Divertissant, Outdoor, Little Move a Schwamme mat Hesper beweegt sech, Beweegungsspiller, Kulinaresches, Kreativitéit, Rhythmus a Musek kënnen d’Kanner hir Ëmwelt exploréieren an sech mat ëmmer neien Ufuerderungen auserneesetzen. 

D’Erzéier bidden deen entspriechende Kader, fir dass d’Kanner sech an engem vertrauensvolle Milieu entwéckele kënnen.